Drucken

Mir stellen eis vir

am .

Jugendpompjeeë bestinn aus motivéierte Meedercher a Jongen tëscht 8 a 16 Joer, déi an hirer Fräizäit bei de Pompjeeën eppes fir d’Liewen derzouléiere wëllen. Encadréiert vun ausgebilte Jugendleeder léieren d’Kanner op eng spilleresch a pädagogesch Aart a Weis verschidden Aspekter vum Pompjeeswiesen, eng Éischt Hëllef leeschten a virun allem an enger Equipe zesummen ze schaffen. Aaner Aktivitéiten : - Besiche vun anere Rettungsorganisatiounen - Wëssenstest (Bronze, Sëlwer, Gold) - National Meeschterschaft am Schwammen a Crosslaf - Buergbrennen, Halloween, 1. Mee Feier - Cortège Nationalfeierdaag a Kommunioun - Kantonale Camp - Schlittschong, Schwammen, Basket, Fussball - An nach vill méi… D’Kopleschter Jugendpompjeeë huelen ëmmer gären interesséiert a motivéiert Jugendlecher op, fir an engem staarken a motivéierten Team matzemaachen.